De Schankemännchen Asbl

spillt

vum 18. bis den 28. Juli 2001
am Prommenhaff zu Groussbus
dee
5. grousse Fräiliichtspektakel

-------

Hanni, lo hänks de!

        D'Stéck spillt am Joër 1951 zu Groussbus, et kënnt awer och all anert Duerf sin. D'Duerfgesellschaft ass amgaang sech ze veränneren. Déi déck Baueren déi ëmmer d'Gechécker vum Duerf geleet hun, gin nët méi esou wichteg geholl. Déi éischt kleng Betrieber mussen zoumaachen, eenzel Bauere gin op de Minett schaffen. D'Päerd kommen äus dem Moud a gin duurch Trakteuren ersat, no an no komme méi Autoën an d'Duerf, et mierkt een d'Verännerung déi op eemol ze séier viru geet.

        Am Duerf as nach een Zwangsaarbéchter äus dem Krich, den Hanni wéi e genannt gët, hänke bliwwen. En as Kniecht bei engem décke Bauer, an e wëllt och nët méi fort.

        Fir den 21. Juli 1951 si grouss Feierlechkeeten ugesot. D'Pomjeën, deen eelsten Duerfcorps äus dem Land feiert 100 Joër, an d'Musék huet deen Dag Fändelweih. Am Duerf huet sech een Organisatiounscomité zesumme fond, iwwerall gin Éierepaarten a Kiosken opgeriicht. Je et ass eng weider lass am Duerf.

        Awer hannert der schéiner Fassad verstoppt sech eng ganz aner Welt. Gestëppels, Duerfbeschass a Vermessenheeten. Déi matt den onschëllege Gesiichter sin déi schlëmmst, wéi dat dann esou as. Dovu schwätzt awer keen, et hällt een sech léiwer mat onwichtege Klengechkeeten op. Bis d'Jakel, eng Fra äus dem Duerf, dout opfond gët. Et huet een et ëmbruecht. Elo gët ee Schëllege gebräucht an e gët och fond. D'Feierlechkeete sollen nët gestéiert gin. Den Hanni, dee Friemen, muss de Kapp duerhalen. D'Gendaarmen huelen en emol mat.

        Dee Fräiliichtspektakel gët vu 70 Leit am Prommenhaff zu Groussbus gespillt: den 18. 19. 20. 21. 25. 26. 27. 28. Juli 2001 ëm 21.00 Auer.

        Reservatiounen iwwert den Telefon: 888 107.

 

Jemp Schuster
22. Mäerz 2001