De Schankemännchen Asbl

spillt

vum 16. bis den 30. Juli 1999
am Prommenhaff zu Groussbus
dee
4. grousse Fräiliichtspektakel

Et geet dës Kéier ëm den 30 jährige Krich, méi präzis ëm

Dat Geckegt Joër

        An deem Joër waren, de Chronisten no, all Regelen a gesellschaftlech Barrièren opgehuewen. Fir nach kënnen ze iwwerliewen hun d'Leit, déi hir Haiser wéinst dene bestännigen Iwwerfäll hu misste verloossen, dat Bescht äus der Situatioun gemeet.  Ouni op Stänn oder Alter, op biirgerlech, adeleg oder geeschtlech Wuurzelen opzepassen, hun se sech zesumme fond, sech duurjenee bestued a gekummert, mat engem eenzigen Zil:  irgendwéi iwwerliewen an äus deem ganze Schlamassel eräuskommen.

        Zur selweschter Zäit sin et awer och Leit gin, déi sech mat de Krichshären arranggéiert haten, an hire Profit äus deem Krich gezunn hun.

        Tëschent 1640 a 1650, also um Enn vum Krich, baut de Peter Jolliot zu Bus ee Schlass.  Wéi war dat an esou enger onsécherer Zäit iwwerhaapt méiglech?

        Ee liewegt Stéck vum Jemp Schuster, äus geschichtlecher Wouerecht an e bëssen Theaterfiktioun, wéi mer dat scho bei denen dräi virechte Produktioune vum Schankemännche gewinnt sin.

 

Jemp Schuster
12. 12. 1998