Um Kale Räis "3ten Historesche Festival" zu Groussbus

17. 18. 19. 23. 24. 25. a 26 Juli 1997

Dem Auteur séng Iwwerleungen

Déi éischt Jore vum 19. Joėrhonnert si keng gutt. Esou kuurz no der Franséischer Revolutioun geet et de Leit keen Zant besser wéi virdrun. Hongersnout a Krankheet, Misär a Kannerstierflechkeet zwénge vill aarem Baueren, Hab a Gutt ze verkafen an sech op de Wee an den Eldorado ze maachen.

Brasilien heescht dat neit Wonnerland. Do kritt een zing mol de Wert vun deem erem, wat een heiheem verkaaft huet. Speziell Agente probéieren nach zousätzlich, de Leit dat Blot vum Himmel ze verspriechen.

Dat Wonner hällt awer nėt laang un. 1828 gin d'Grenze vum Keeserräich Brasilien zougemeet, d'Auswanderer vu Lėtzebuerg, déi zu Bremen op d'Schėff wollten, sti virum Näischt. Esou kėnnt et, dat se sech erem op den Heemwee musse maachen, méi arem wéi virdrun. Se sėtzen elo fir zergutts tėschent zwee Still.

Zanter dem Oktober1827 hausen d'Doléiner Jemp Heinen, Mett Arend a Jeng Goerens an de Hecken "um Kale Räis". Schon e puer Mol kruten se vum Buurgermeeschter an de Scheffe vu Wahl gesot, se missten déi Braken erem ewech rappen. Se stéieren sech awer nėt drun. Wéi dun am Summer 1828 déi éischt Brasilianer sech och hei nidderloossen, entsteet "um Kale Räis" eng wėll Usiedlung, déi zwar ėmmer ėrem verbueden, awer ni méi ze verhėnneren as. De Grondsteen vu Gréiwels as geluecht.



Jemp Schuster
3.10.1996