Ofschlossfeier
18. September 1993
Team
"De Schankemännchen"

Refrain:
Schankemännchen, Schankemännchen
mat dir do hate mir vill Spaass,
Schankemännchen, Schankemännchen
op dech lo hiewen mir eist Glas.

- 1 -
D'as hir e Joer et huet geheescht,
nun halt éch prett, lo gët et éscht,
sét ons de Jemp mat déiwem Toun,
dir kritt herno och äre Loun .

- 2 -
Eng éischte Prouf gët festgeluecht,
de Jemp erklärt bis déif an d' Nuecht,
mir lauschtren no, mir sin ganz Ouer,
nu Jemp so nit, et wir nët wouer.

- 3 -
Mir si mat Häerz a Séil um Dill,
a fillen eis wéi eng Famill,
hu mir och munches durchgelidden,
de Jemp as voll mat äis zefridden.

- 4 -
All Owes dann de Jemp äis zélt,
d'as awer én dé méi dacks félt.
mat dém do hat de Jemp seng Qual
et as de Superstar vu Wahl.

- 5 -
E Fotograf dé könnt vu Viichten,
all Szén wöllt hien gené ofliichten,
mir sin dann nët méi konzentréiert,
mir gin ganz rout a sin genéiert.

- 6 -
Am Prouwesall, et as sou stöll
op émol jöitzt é wéi déi Wöll
de Jemp hien kënnt guer nët méi op
him as gerutscht de Grill op d'Kopp.

- 7 -
An d'Klinik rennt d'Christiane séier,
e Gléck d'as nët ze vill passéiert,
d'Infirmière sét, du wärs gesin,
sou séier gët nach ké versin.

- 8 -
D'Propaganda léft op Turen
vum Zolwerknapp bis hannert Furen
de Schankemännchen gët bekannt,
quésch durch d'Letzebuerger Land.

- 9 -
Wén bekömmert sech dann lo
ëm d'Gezöi, ëm d'Schong, as d'Fro?
zu Viichten as dach eise Jean-Claude,
an d'Malou kann him gin é Rot.

- 10 -
Ee wéi dén anren vun äis all,
dé muss sech moossen iwerall,
um Kapp, um Bauch ronderem de Busen,
soss stremmen se, déi schéin al Blusen.

- 11 -
Eng schwéier Charge gët ugebueden,
wén as gewöllt se unzehuelen?
d'Ginette sét, dat as dach klor,
ech sin berét, je suis d'accord!

- 12 -
Vill Leit déi ruffen un beim Ginette,
vun hei, vun do, an aus dem Minette,
un der viichter Dir et klappt,
öm d'Plazen gët sech béis gerappt.

- 13 -
Trap op, Trap of muss d'Ginette lafen,
wann hat e Billjé wöllt verkafen.
bei Tholl's do as der Däiwel lass,
ma d'Ginette huet déi Saach geschmass.

- 14 -
D'Tribühn déi fëllt sech lues a lues,
sou muncherén muss botzen d'Nues,
mat Decken hun se sech geriicht,
am Fall et gët herno méi fiicht.

- 15 -
D'Prominenz déi kënnt eran,
de Junkesch Ed, de Geisbusch Jang,
eng muss sech quötschen töschent zwé
dat as dach d'Jacobsen Josée.

- 16 -
Op der Tribühn ënnert dem Daach,
verkraucht sech ént wat ëmmer laacht
ronderem hat stin vill Instrumenter
hat huet verdingt eis Komplimenter.

- 17 -
D'Christiane mecht dat ganz apaart,
hat dréint méi lues, an och méi haart
all Asaz klappt, et as perfekt
mir mussen soen: "all Respekt"!

- 18 -
Eng Aktriss gët engagéiert
si huet hir Roll och gudd geléiert
si as apart, wat nach ké weess
et as dem Jos séng braveg Geess

- 19 -
Si trëppelt niewent hirem Boss
si knätscht, si knaat, t'as e Genoss
aus hirem Mond hängt nach d'Brennessel
si hat entdeckt dem Wirsch säin Kessel.

- 20 -
De Jos dén huet eng Kraaft eng gellëcht
der Gees där gët et ongemellech
hien jummt, hien tuppt, o mei o jé,
schons as säin Béngel rëm an zwé.

- 21 -
Si denkt wat as de Jos é Bölles,
wat huet dén haut mat mir nach wölles,
o waart ech maachen dir et ellen,
a léisst bei d'Féiss him falen d'Krellen.

- 22 -
Och mat der Gued hu mir gelaacht,
mat hirem Pätter, wat éng Saach,
so Jemp hues du och ganz gewëss
dem Martha zreck gin säint Geböss?

- 23 -
Marco, John a Fern an Tom
wat setzen déi hir Been sou kromm,
si sin ganz cool mat dem Revolver,
mä t'as keen Toun an hirem Polver.

- 24 -
De Piron's Fern sëtzt héich um Rad
de Suedel as him vill ze glâd
hien rutscht erof, hien bleiwt net drop
mä hien gët nët sou séier op.

- 25 -
De Jemp kutschéiert stolz wéi Oskar,
kuckt éch en un dé belsche Car
hien as souguer décapotabel
an d'Ginette rifft, c'est formidabel.

- 26 -
Dem Jemp haut as et nët éndun,
hien dréint bal duurch, d'Kutsch sprëngt nët un
säi Fouss dréckt d'Brems amplaz de Gas
séng Stiir déi as vum Schwees ganz naass.

- 27 -
Mat Hëllef vum Léo a Marc
sin puer stark Männer gläich op Zack
si drëcken un mat vollem Mutt
d'huet nach geklappt, déi läscht Minutt!

- 28 -
D'Léift zum Ginette as ganz déif,
mä eppes as dem Jemp och léif
Séng Musek, séng Hamonika
hien spillt souguer de Cha Cha Cha

- 29 -
Mat de Kanner war vill Freed
eng Dommheet huet och ként gemet,
si ware brav bis zou der Läscht
si hu gemet hirt Allerbäscht

- 30 -
E Luew gehéiert eisem Max
mir hun mat him gelaacht sou dacks
wann hien zou sengem Papp gelispelt
dann huet all Häerz bei äis geknistert.

- 31 -
Mariette, du an deng Equipe
vun èch do krute mir gekippt
vill Pönner Faarw op eist Gesiicht
vu wäitem hu mir grell geliicht.

- 32 -
De läschten Owend, et geschitt
de Schustesch Jemp kritt och séng Britt
de Riichter voll a séngem Prunk
de Jemp bréngt ran de Schwedentrunk.

- 33 -
D'Karin fret de Jemp ganz aus
dé mecht sech kléng ewéi eng Maus
hien gët veruurtelt zimlech haart
mat énger Fläsch Bernard Massard.

- 34 -
Mir sin erauskomm jo ganz grouss,
zum Schluss do krute mir eng Rous
de Syndicat dé sét äis Äddi
fir dëse Gest soe mir Merci!

Refrain:
Schankemännchen, Schankemännchen
mat dir do hate mir vill Spaass,
Schankemännchen, Schankemännchen
op dech lo hiewen mir eist Glas.

Kräiderwirsch alias Sylvie Jacoby